Iwert mech
Ech sinn Milli Kirtz a sinn 1997 gebuer. No menger Première wosst ech net genau wat ech machen soll, wéi vill Schüler zu dem Zäitpunkt.
Déi éischten Kéier wou ech mat Hypnos an Kontakt koum, war eigentlech keen schéinen Grond. Ech war ëmmer immens sportlech, hunn leidenschaftlech Volleyball gespillt, ech war souguer an der Nationalequipe.
Duerch eng zimmlech schlëmm Seenenentzündung an menger rietser Schëller, konnt ech meng Leidenschaft net méi ausüben, dat huet mir den Budem ënnert den Féiss wechgezunn. Dunn ass bëssen alles zesummen gefall, hun immens vill ofgehol, hat Anorexie an sinn net méi richteg do raus komm.
Hypnos huet mir gehollef rëm Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn, huet mir rëm gehollef op mäin Kierper ze lauschteren an mech rëm spieren ze kennen an ech konnt rëm ufänken Volleyball ze spillen.
Vun dem Punkt un huet d’Hypnos mir ëmmer vill gehollef bei ganz ville Blockaden déi ech nach hat; och mat menger Dyslexie eens zeginn, an se ze akzeptéieren. D’Akzeptanz huet gefouert dass se sech souguer miniméiert huet.
Genau dunn wosst ech, dass Hypnos vir mech déi perfekte Method ass vir selwer ze benotzen an anere Leit bei hiren Themen ze hëllefen, an hinnen ze hëllefen aus hirem Lach raus ze kommen. Ech hunn dun och direkt mat menger Ausbildung zur Hypnosetherapeutin ugefang.
Vun Enn 2019 bis Mëtt 2021 hat ech d’Geleeënheet beim Alain Wolff an der Praxis Hypnose Luxemburg ze schaffen. Den Alain Wolff huet mir ganz vill Erfarung an Wësse mat op de Wee ginn.
Ech hun Mëtt 2021 mech dozou entschloss mech selbststänneg ze machen.
Hei sinn ech also elo, a menger eegener Praxis, mega glécklech, an geéiert mäin Draamberuff auszeüben.
Wichteg Informatioun:
Ausbildungen:
2019 | Mee | humanistesch Hypnos an Symbolic Therapy |
August | Simpson Protocoll | |
Oktober | Virtuell Gastric Band by Sheila Grager | |
Dezember | NLP Practitioner | |
Dezember | Life Puzzle Pro | |
2020 | Mee | certified Hypnotherapist an Hypnosis Insitute Luxembourg |
August | NLP Master | |
2021 | September | éischten Grad – Reiki |
2022 | Januar | Kinderhypnose |
Abrëll - Juni | Confident Hypnotiseur | |
Abrëll - Juni | IMDHA | |
2023 | Januar | ECP |
Januar | Hypnosize Kidz |