Skip to main content

Trauerbegleedung

De schwéiere Verloscht vun engem Mënsch, den engem no stoung; oder de Verloscht vun engem Déier kann bewierken, dass d’Liewen aus de Schinnen geréit an de Betraffenen a eng Kris geheit. D’Liewen ass net méi wéi et war.

Wärend der Trauer kämpft en mat villen intensiven, oft widderspréchleche Gefiller. Et ass eng grouss Erausfuederung gläichzäiteg dat eegent Liewen ze meeschteren an awer och der Trauer déi néideg Platz ze ginn.

Mat Hëllef vun der Hypnos kënne mir déi Heelungsprozess sou aleeden, dass Du lues a lues aus der déiwer Trauer rëm zréck an déi Liewen fënns.

Och no engem schlëmme Schicksalsschlag huet jiddereen et verdéngt en schéint Liewen ze liewen; dovunner sinn ech iwerzeegt.