Skip to main content

Stressmanagment

Ze vill Stress am Alldag?

Zevill Stress huet Auswierkungen op eis Gesondheet

Stress ass net ëmmer negativ. Wann mir ënner Zäitdrock ganz gutt Leeschtunge brengen, dann ass Stress positiv.

Wann Stress awer ze vill gët, da gët eisem Kierper seng Eegenheelungskraft geschwächt.

Stress den laang unhällt kann och d’Ursaach sinn vun agressivem Verhalen, Middegkeet, Nervositéit. Stress huet en negativen Afloss op de Bluttdrock an eise Verdauuungstrakt.

Déi Anti-Stress-Hypnos hëlleft Dir mam Stress besser ëmzegoen. Si befaasst sech mat deene verschiddenen Ausléiser vum Stress.

Dës sinn déi verschidde Schrëtt:

  • Als éischt gëtt den Ausléiser vum Stress gesicht an analyséiert
  • Duerno gi Strategien entwéckelt fir mam Stress ëmzegoen
  • Deng Eegenheelungskraft gët gestäerkt

Sou kanns Du an Zukunft besser mam Stress ëmgoen, Du wess genau wats Du mache muss fir en ze reduzéieren sou, dass du Deng Gesondheet behäls

Wat geschitt bei enger Anti-Stress-Hypnos?

Mat Hëllef vun der Hypnos ass et méiglech Ursaache vum Stress méi séier rauszefannen. Oft wess en et guer net wouhier de Stress kënnt, bei jidderengem ass et anescht.

Wat den ee stresst, léisst een aneren kaal. Ursaachen déi Stress ausléise kënnen sinn; Angscht, Krankheet, Zäitdrock, Aarmut, Matmënschen oder aner séilesch Problemer, fir der just puer ze nennen.

Mat Hëlleft vun der Hypnos kann den Ausléiser vum Stress opgedeckt an direkt verschafft ginn; an anengems ass Hypnos eng wonnerbar Entspanung.

Si erlaabt eis Kraaft ze tanken an ass en perfekten Ausgläich zum Alldagsstress.

Stress entsteet ëmmer da wann mir eng Situatioun als geféierlech oder onangeneem empfannen. Eise Kierper an eis Psych starten direkt an den Iwerliewensmodus; a wann mir aus dësem Modus net rausfannen, da gët dat op Dauer zimmlech ustrengend.

Mat der Anti-Stress-Hypnos léiers du mam Alldagsstress ëmzegoen a rëm Rou a Kraaft fannen.