Léierschwieregkeete verbesseren

Léierschwieregkeeten oder -Blockade kënnen geléist ginn. Bréngt äert Kand just schlecht Notten Heem? Fält et äerem Kand schwéier sech ze konzentréieren? Sidd Dir an äert Kand am Dauerstress?

Dann gët et héisch Zäit eppes ze ënnerhuelen.

Verschiddene Kanner fält et méi schwéier wéi aneren alles ze verhalen an dobäi ëmmer konzentréiert ze bleiwen.

Et gi vill verschidden Ursache vu Léierproblemer; Blockaden, feelend Motivatioun, Scheedung, Ängscht, séilesch Problemer oder Konzentratiounsschwieregkeeten.

Duerch Hypnos kënnt Dir ärem Kand hëllefen dës Problemer e reduzéieren.

Rëm Spaass um léiere kréien

Hypnos ka bei der Ënnerstëtzung fir ze léieren hëllefen. Do wou keng Motivatioun fir ze léieren do ass, kann mat Hypnos Viraussetzung geschaaft ginn, dass léieren iwwerhaapt rëm stattfanne kann.

Bei Léierblockade kann en mat Hëllef vun der Hypnos dës Blockaden am Ënnerbewosstsinn opléisen. Hypnos bei Léierschwieregkeeten hëlleft alles besser ze verhalen an och Geschwindegkeet fir ze léiere verbessert sech.

Bei Prüfungsangscht kann dës Therapie vill hëllefen; Black-Outs kommen net mei fir oder äert Kand léiert besser domadder enz ze ginn.

© MK Hypnose & Coaching. Web Design by media4all.lu.