Skip to main content

Entspaanungshypnos

An dëser hektescher Zäit kënnt Entspaanung oft vill ze kuerz.

Wéi oft huele mir eis fir eng kleng Auszäit anzebauen an am selwechte Moment ass et scho vergiess.

Entspaanung ass en Zoustand an dem e sech wuelfillt, een Zoustand an dem Kierper, Geescht a Séil an Harmonie sinn.

Entspaanen kënnen ass eng ganz natierlech Fäegkeet déi all Mënsch a sech huet.

Ech bidden Dir hei eng Méiglechkeet fir dës Auszäit, ganz eleng just fir Dech.

Mat Hëllef vun der Hypnos kann de Kierper sech regeneréieren an Déin Immunsystem stäerken.