E gutt Sebstwäertgefill a Selbstvertrauen

Sebstwäertproblemer a Verloscht vu Selbstvertrauen

Mat dësem Problem bass Du net eleng. Vill Mënschen machen dowengst eng Hypnosetherapie. Ganz oft hunn mir eng schlecht Meenung vun eis selwer (ze dënn, ze deck, ze kleng, ze grouss, ze intelligent, ze domm,…) an déi bréngt et fäerdegt dass mir eist Selbstvertrauen an eis Selbstléiwt verléieren.

Hypnos ka Kanner, Jugendlech an Erwuessenen hëllefen hiert aktuellt Selbstbild ze analyséieren an en neit Fundament fir en gut Selbstwäertgefill an och méi Selbstvertrauen ze entwéckelen.

En gutt Selbstwäertgefill a Selbstvertrauen

Duerch déi richteg Hypnosemethod oder Coaching Method kann een un deenen negativen Gelawensätz, wéi; ech sinn net gutt genuch, keen huet mech gär, ech sinn neicht wäert, mir geléngt neicht, ech kréien dat net hin, … schaffen, sou dass se dech net méi belaaschten.

Mat menger Begleedung léiers Du nei Kommunikatiouns a Verhaalenweisen déi op dech ofgestëmmt sinn.

Du kriss en bessert Gefill fir Dech selwer an och méi Souveränitéit am Ëmgang mat denge Matmënschen.

© MK Hypnose & Coaching. Web Design by media4all.lu.