Ofhuele mat Hëllef vun der erfollegräicher Moband-Hypnose
Mat Hypnos op eng natierlech Aart a Weis ofhuelen ouni Honger, Iessattacken, Frustiessen, Jo-Jo Effekt, asw.
Mir alleguer kennen Diäten. Déi eng schwieren drop; fir déi Aner ass et Frust. Egal wéi eng Diät mir wielen, sie baséiert meeschtens drop, op dat eent oder anert Liewensmëttel ze verzichten, nëmmen zu bestëmmten Zäiten ze iessen oder guer neicht méi iessen.
Den Alldag ass bestëmmt duerch „sollen“ a „mussen“ a „net dierfen“, awer ouni dat gewënschte Resultat.
Grënn, wisou du keng Diät maachen solls:
Dat virtuellt Moband, dat en och ënnert der Bezeechnung hypnotescht Moband, Mobandhypnos, imaginärt Moband oder Virtuel Gastric Band kennt, gët dir Fräiheet iwwert deng Ernährung zréck. Endlech gët et eng Method bei ders du ouni Verzicht a Verbuet einfach ofhëlls.
Dat virtuellt Moband, hypnotescht Moband, Mobandhypnos, imaginäres Moband, ass en bemierkenswäerten Ofhuel Program den vun der Englännerin Sheila Granger entwéckelt gouf.
Dat hypnotescht Moband funktionéiert ouni Diät, ouni Operatioun an ouni Péng. Duerch dës Hypnose an Coaching Method ginn an Dengem Ënnerbewosstsin nei Iessgewunnechten installéiert déi Deng Ernährung positiv beaflosst.
Du léiers an de Sëtzungen méi op Déin Kierper an Déi Kierpergefill ze lauschteren a mat Liichtegkeet Deng Gewiichtsreduktioun an de Grëff ze kréien.
Method
Dat virtuellt Moband gët a féier Sëtzungen opgedeelt. Dës Sëtzungen veränneren deng Iessgewunnechten dauerhaft. Du entwéckels nei Gewunnechten déi dech lues a lues ofhuelen lossen. Emstellungszäit dauert an der Reegel 28 Deg. An dëser Zäit verënnerlechs du däin neit Iessverhalen sou, dass du et fir ëmmer beibehälls.
Viraussetzungen:
Huel lo de Firsaatz, Verantwortung fir Dech, déi Kierper an Deng Gesondheet ze iwwerhuele fir mat dësem Programm erfollegräich duerchzestarten.
7 gëllen Erfollegsreegelen wäerten Dech dobäi ënnerstëtzen an Dech ofhuelen lossen. Wanns Du dës 7 Reegelen anhäls da verléiers Du Kilo fir Kilo un Gewiicht.
Programm: