Simpson Protokoll / Hypnose ouni Wierder

De Simpson Protokoll erméiglech en Neistart op allen Ebenen vum Kierper.

Den James Esdail, e schottesche Chirurg, huet bei Patienten déi an engem Zoustand déifster Hypnos, dem Esdail Zoustand, waren, chirurgeschen Agrëffer duerchgefouert. Patiente sinn no souenger Operatioun méi séier a komplikatiounsfrei gesond ginn.

Wärend dësem hypnotesche „Koma“ kann de Patient awer net mam Hypnotiseur schwetzen.

Kanadierin Ines Simpson huet eng Method entwéckelt déi et dem Client erméiglecht och an déifster Hypnos mam Hypnotiseur ze kommunizéieren. Si huet den Esdail Zoustand weiderentwéckelt an huet eng Technik entwéckelt déi et engem erlabt dem Client Uweisungen ze ginn fir de Problem opzeléisen. Opschon de Client an enger déiwer Hypnos ass kann en zu all Moment Réckmeldung ginn wat grat a sengem Kierper geschitt.

E Virdeel vum Simpson Protokoll

Mam Simpson Protokoll ass et méiglech mam Hypnotiseur ze kommunizéieren, och wann en an engem déiwen hypnoteschen Zoustand ass, an zwar mat Hëllef vun ideomotoresche Fangersignaler.

Dës Technik kann bei all Problematik ugewannt ginn, wat natierlech eenzegaarteg Behandungsméiglechkeete mat sech brengt. An Amerika an Kanada goufen duerch dës Methode scho vill Erfolleger erreecht. De Simpson Protokoll ass besonnesch geeegent fir Leit, déi net gär iwwert hier Schwieregkeete schwätzen.

Bei dëser Method muss am Virfeld net iwwert de Problem geschwat ginn. Mat Hëllef vum Simpson Protokoll gëtt d’Ënnerbewosstsinn locker ugeschwat a déiwgreifend Verännerungen kënnen an d’Weeër geleet ginn.

Dem Hypnotiseur ass et sou méiglech mam Ënnerbewosstsinn vum Client ze kommunizéieren an déi wierklech Problematik rauszefannen.

Sou kann den Hypnotiseur mat der Hëllef vum Client dat Néidescht maache fir dat beschtméiglechst Resultat fir de Client ze ereeschen.

Vill Blockade kënnen sou opgeléist a geläscht ginn. Doduerch verbessert sech dem Client säin allgemengen a psychesche Gesondheetszoustand – an dat a just puer Sëtzungen.

© MK Hypnose & Coaching. Web Design by media4all.lu.