NLP Coaching

NLP (neuro-linguistische Programméieren) ass dorobber ausgeriicht eege Ressourcen ze stäerken: wat engem zu neien Denk – an Handlungsméiglechkeete verhëlleft, besonnesch a Bezuch op méi schlëmm Situatiounen.

NLP befasst sech intensiv mat der individueller Perceptioun.

NLP befasst sech mam Zesummespill tëscht:

  • Neurophysiologesch Prozesser (Neuro)
  • Eiser Sprooch (Linguistik)
  • Mental Programmer (Programmieren)

Bei NLP geet et em d’Sprooch an d’Kommunikatioun. Wéi beaflosst eis Sprooch, eis Ausdrocksweis, eis Denkweis, eist Verhalen? Wéi kommunizéieren ech a mengem Privat- a Beruffsliewen an wéi hëlt mech mäin Ëmfeld wouer?

NLP verhëlleft engem onerwënschten Anschrenkungen am Liewen ze iwwerwannen an sech nei Verhaalensméiglechkeeten unzeeegenen an och Ängschten, aschränkend Iwerzeegungen an ongeléist Gewunnechten opzeginn.

NLP hëlleft och gutt bei Phobien.

Bei der NLP geet et em dauerhaft, konstruktiv Verännerung. Sie ass léisungsorientéiert. De Schwéierpunkt leit dobäi dorobber en fir dech zufriddenstellend Resultat ze erreechen an net de „Problem“ ze analyséieren an en ze zerplécken.

Meng Approche ass einfach, transparent an éierlech. Ech gebrauchen NLP Technike well se hëllefen, an séier Resultater bréngen.

© MK Hypnose & Coaching. Web Design by media4all.lu.