Di humanistesch Hypnose ass eng nei Hypnos déi sech am Verglach zu den aneren Hypnosen op eng entgéitgesate Struktur steipt; dat heescht et gëtt sech net méi op d’Ënnerbewosstsinn fokusséiert mee et gëtt en Zoustand vum héigerem Bewosstsinn ugestrieft.
An dësem Zoustand huet de Client Zougang zu allen Informatiounen déi am Bewosstsinn gespäichert sinn; sou kann un sengem Ënnerbewosstsinn geschafft ginn. Doduerch, dass d’Sprooch vum Ënnerbewosstsinn symbolesch ass, ka lo dëst Symbol (de Problem) beschaft oder geläscht ginn. De ganzen Inhalt vun der Liewensgeschicht gëtt sou verännert ouni, dass de Client dat schlëmmt Erliefnis nach emol huet missen duerchliewen. De Client kann sou net manipuléiert ginn, well en ganz autonom säin eegene Wee geet. En ass déi ganz Zäit mat sech selwer an der Welt ronderëm verbonnen an en gëtt just vu mir begleet, Hand an Hand.