Nodeem mir een Rendezvous ausgemaach hunn, schreif Dir dëse an Déin perséinleche Kalenner op.
Nodeems Du virdrun all d’Informatioune bei „wichteg ze wëssen“ gelies hues, leeft d’Sëtzung sou of:
Bei eiser éischter Sëtzung hunn mir ee Virgespréich an och eng Entspaanungshypnos. Am Virgespréich wäerten all wichteg Informatioune vun Dengem Thema beschwätzen ginn. Mir klären nach all Froen an Detailer zum Thema Hypnos an Deng perséinlech Verantwortung a Roll dobäi. Dann wäerten mir Däin Zill beschwätzen, dozou benotzen ech de Life Puzzle Pro. Dëse baséiert op fundéiert Aspekter a weist Deng Liewensstrategien. Dëst ka bis zu 60 Minutten daueren.
Nodeem mir d’Virgespréich/Anamnes gemaach hunn, da maache mir, falls du wëlls, nach eng Entspaanungshypnos. Dëst hëlleft dir den Oflaf vun der Hypnos ze verstoen an ze genéissen. Sou hues du et eemol erlieft an du weess wéi ech schaffen. Dës Entspaanungshypnos dauert héchstens 30 Minutten. No dem Opléise vun der Hypnos, fënnt nach een Nogespréich statt; awer just wann dat néidesch ass.
Duerno kucken mir nach ee Rendezvous auszemaachen, spezifesch zu dengem Thema. Dëse wäert eng bis zwou Wochen no dësem Rendezvous stattfannen.
Wann mir eis puer Deeg no eisem éischte Rendezvous gesinn, beschwätze mir nach wéi et dir no der éischter Sëtzung gaang ass.
Dann kennt d’Hypnos oder déi passend Coachung Method. Ech schaffen immens individuell, sou dass mir genau den Ursprong vun Dengem Thema fannen an all Blockaden an onerwënscht Verhalenweis léisen, an se duerch passend Verhalenweisen ersetzen. Dëst ka bis zu 60 Minutten daueren.
Eng Ëmstellung vun Dengen Verhalensmuster gehéiert zu engem Prozess, den méi oder manner laang dauere kann, dofir roden ech ëmmer 3-4 Wochen ofzewaarden. Dat hänkt awer ëmmer vu Persoun zu Persoun of.
Wann et néideg ass, maache mir nach eng Folegsëtzung aus.
Natierlech kënnen mir d’Virgespréich an d‘ Hypnos an enger Sëtzung maache.